Bauer als Beruff
De Beruff vum Bauer ass immens villsäiteg; en ëmfaasst ganz ënnerschiddlech Aufgabeberäicher an erfuerdert dofir och eng breet Gamm u Fäegkeeten.
Eng vun den Haaptaufgabe vum Bauer besteet doranner, Liewensmëttel, wéi z. B. Mëllech, Fleesch, Kären, Eeër, Geméis oder Uebst, hierzestellen. Mat hirer Aarbecht droe si dozou bäi, datt de ländleche Raum erhale bleift – sief et duerch Naturschutz, Waasserschutz a Landschaftsfleeg oder duerch d’Bedreiwe vun engem Haffbuttek oder enger Wäistuff. Doriwwer eraus kënne si duerch d’Produktioun vun erneierbaren Energien, wéi z. B. Agri-Photovoltaik, zur Energietransitioun bäidroen an duerch d’Späicherung vu Kuelestoff (CO2) a landwirtschaftlech genotzte Flächen e wichtege Bäitrag zum Klimaschutz leeschten. All dat sinn Déngschtleeschtungen, déi d’ Baueren fir d’Wuel vun der Gesellschaft erbréngen.
Agronom ass en ofwiesslungsräiche Beruff, bei deem een net nëmme bei den Déieren am Stall a mat de Planzen a Biedem um Feld schaffe muss, mee och Bürosaarbechten ewéi Comptabilitéit, Organisatioun vum Betrib, Plange vun de Planzekulturen an eng detailléiert Dokumentatioun vun der Gestioun vum Betrib a vun der Déierenhaltung erleedege muss.
Wie berufflech an e landwirtschaftleche Betrib eraklëmmt, huet meeschtens eng Ausbildung am Lycée Technique Agricole absolvéiert, sief et als Bauer, Techniker an der Landwirtschaft oder landwirtschaftlechen Aarbechter, oder verfüügt iwwer en Diplom an der Sektioun Gaardebau. Et ginn och ëmmer méi Baueren, déi Agrarwëssenschaft studéieren.
Wie Bauer gi wëll, sollt déi follgend Viraussetzunge matbréngen:
- Freed um Ëmgang mat Déieren
- Spaass un der Aarbecht an der fräier Natur
- Interessi un Naturwëssenschaften (besonnesch Biologie a Chimie)
- handwierkleche Geschéck an Interessi u moderner Technik
- Ausdauer, kierperlech Leeschtungsfäegkeet a Freed u kierperlecher Aarbecht
- Interessi u Gestiounsaufgaben an un Organisatioun
- Spaass drun hunn, selbstänneg ze schaffen a Verantwortung ze iwwerhuelen
- eng gutt Beobachtungsgab
- Bereetschaft, sech permanent fort- a weiderzebilden
Weider Informatiounen iwwer d’Ausbildunge ginn et am Lycée Technique Agricole a bei der Landwirtschaftskummer.