Firwat e Besuch op engem Bauerenhaff?

De Bauerenhaff ass eng Plaz fir nohaltegt Léieren an Erliewe mat alle Sënner. Erméiglecht Äre Schülerinnen a Schüler den direkte Kontakt mat der Welt vun der Landwirtschaft a weist hinnen, wou eis Liewensmëttel hierkommen. Et gëtt eng ganz Rei vu gudde Grënn, fir e landwirtschaftleche Betrib besichen ze goen.

De Bezuch net verléieren

D’Landwirtschaft an d’Liewensmëttelproduktioun sinn an eisem deegleche Liewen omnipresent, an awer hu vill Kanner a Jugendlecher hautdesdaags keen direkte Bezuch méi dozou. Informatioune kréie si an der Reegel nëmmen aus zweeter Hand, besonnesch iwwer d’Medien.

An der Schoul kommen d’Theeme Landwirtschaft a Liewensmëttelproduktioun ëmmer nees an de Programmer vir an zéie sech duerch verschidden Alterskategorien a Fächer. Mee wéi vill Schülerinnen a Schüler hate schonn d’Geleeënheet, e Bauerenhaff besichen ze goen, selwer Gromperen ze rafen oder Déieren op engem Bauerenhaff ze erliewen? Am Unterrecht kann d’Landwirtschaft zwar theoreetesch vermëttelt ginn, dacks feelt awer dat praktescht Erliewen.

Vum Feld op den Teller

De Wee vun de Liewensmëttel vum Feld op den Teller novollzéien.

Déieren, Planzen, Liewensraim

Méi iwwer d’Liewen um Bauerenhaff, d’Déieren, d’Planzen an d’Mënsche gewuer ginn.

Regional a saisonal

Erausfannen, firwat frëscht Uebst a Geméis aus der Regioun besser schmaacht an d’Ëmwelt schount.

Nohaltege Konsum

Verstoen, wéi en nohaltege Konsum an eng nohalteg Produktioun sech géigesäiteg beaflossen.

De Bauerenhaff als Plaz fir ze léieren

En Ausfluch an e landwirtschaftleche Betrib ass eng Geleeënheet, d’Klassenzëmmer ze verloossen an de Bauerenhaff als eng Plaz, wou een ausserhalb vun der Schoul eppes léiere kann, ze notzen. Et ginn do vill Méiglechkeeten, den Unterrecht am Zesummenhang mat Theeme ronderëm d’Landwirtschaft an d’Hierstellung vu Liewensmëttel ze beräicheren.

Bei engem Besuch um Bauerenhaff kréie Kanner a Jugendlecher en transparenten Abléck an de ganze Prozess – vun der Produktioun vu planzleche Produkter a Déiereprodukter bis zum Verkaf vun de Liewensmëttel. Si kréien hei vun de Baueren Informatiounen aus éischter Hand, direkt op der Plaz. Dat schaaft net nëmme méi en déift fachlecht Verständnis, mee och eng perséinlech Verbindung mat der Landwirtschaft, déi en nohaltegt Léiere méiglech mécht.

De Bauerenhaff ass déi ideal Plaz, op där Schoulkanner praktesch, konkreet an eenzegaarteg Erfarunge maachen a sech nei Fäegkeeten uneegne kënnen. Genee dofir ass de Motto vun eisem Projet: „Landwirtschaft erliewen“.

Dir sicht e pedagogescht Erliefnes fir Är Schoulklass?

Wielt wgl. déi entspriechend Krittären aus

No Regioun
Carte du Luxembourg Wielt w.e.g. eng Regioun op der Kaart vu Lëtzebuerg aus Clerf Wiltz Diekirch Redingen Mersch Luxemburg Capellen Esch-sur-alzette Remich Grevenmacher Echternach
No Regioun
No Kategorie
No Joreszäit