LÉIER MATERIAL

Hei fannt Dir Unterrechts- an Aarbechtsmaterial fir d’Virbereedung an de Suivi vun engem Besuch um Bauerenhaff, ugepasst un déi verschidde Cyclë vun der Grondschoul.

Eis Landwirtschaft an Zuelen
Eis Landwirtschaft a Zuele weist op eng spilleresch Aart a Weis wéi villsäiteg d’Felder an d’Haff am Lëtzebuerg sinn. Entdeckt, wéi eng Planzen ugebaut ginn, wéi vill Déieren et gëtt a wéi sech d’Landwirtschaft an de leschte Joren entwéckelt huet. Déi faarweg Infographike maache Loscht, méi iwwer eis Ernierung, eis Biedem an d’Aarbecht vun de Bauere gewuer ze ginn.
Wizzle
Wizzle – de pedagogesche Wimmelbild-Puzzle – d’Mëllechkou erméiglecht eng pedagogesch Ënnerstëtzung am Klassesall fir d’Vir- an Noarbecht vu engem Bauerenhaffbesuch. Ausserdeem bitt d’Spill och d’Méiglechkeet, datt Klassen sech och ouni Bauerenhaffbesuch selbststänneg mat der Thematik auserneesetze kënnen.
D’Zil vum Spill ass et, de Schüler de komplexe System vun engem Bauerenhaff méi no ze bréngen an d’Ofleef an Zesummenhäng verständlech ze maachen. Den Niveau ass un d’Cyclen 1–4 ugepasst.
Antigaspi Expo
D’Antigaspi-Ausstellung riicht sech un d’Konsumenten, als wichtege Verursaacher vun der Liewensmëttelverschwendung. Zil ass et, d’Bewosstsi fir dëst Thema ze stäerken, besonnesch bei jonke Leit, an nei Verhalensweisen ze etabléieren, doduerch d’Wäertschätzung vu Liewensmëttel ze fërderen an d’Verschwendung am Stot ze reduzéieren. D’Ausstellung bitt Informatiounen an alldeeglech Tipps fir op eng spilleresch Manéier mat Liewensmëttel ëmzegoen – egal ob et bei der Menüplanung, beim Akafen, bei der Lagerung vu Liewensmëttel, der Interpretatioun vun de Mindesthaltbarkeetsdatumer oder der Veraarbechtung vu Reschter ass.
Saisonskalenner
De saisonale Kalenner weist, wéi eng Uebst a Geméis am Moment zu Lëtzebuerg wuessen. D’Kanner entdecken den natierleche Rhythmus vun de Joreszäiten a verstinn, datt frësch Äerdbieren an de Summer an d’Kürbissen an den Hierscht gehéieren. De Kalenner bitt hinnen eng spilleresch Méiglechkeet, méi iwwer d’Diversitéit vu regionale Liewensmëttel ze léieren a firwat kuerz Weeër d’Ëmwelt an de Klima schounen. E kloert Instrument, dat nohalteg Liewensmëttel am Klassesall konkret a spannend mécht.
Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren – D’Spill zum Film
De SCRIPT huet 2022 an Zesummenaarbecht mat der Vereenegung Biolandwirtschaft Lëtzebuerg ASBL d’Kaartespill “Vu Buedem, Bauzen a Biobaueren” entwéckelt. D’Kaartespill enthält verschidden Elementer, déi am Dokumentarfilm athematiséiert ginn, an erlaabt eng spilleresch, interdisziplinär Erfuerschung vun den heiansdo komplexen Interrelatiounen an Interaktiounen an der organescher Landwirtschaft.
Antigaspi – 8 gëllene Reegelen
Mat Hëllef vun dësen 8 gëllene Reegele kënnt Dir d’Liewensmëttelverschwendung an Ärem Stot séier a wesentlech reduzéieren.