Ernärung an Nohaltegkeet
D’Landwirtschaft ass e Schaffen an a mat der Natur. Baueren, déi nohalteg wirtschaften, a Konsumenten, déi Wäert op eng nohalteg Ernärung leeën, suergen dofir, datt och déi kommend Generatiounen d’Ressourcë vun der Äerd notzen a sech ernäre kënnen.
D’Biolandwirtschaft
D’ekologesch Landwirtschaft zeechent sech duerch e Betribszyklus aus, deen esou zou wéi méiglech soll sinn: De Bauer passt d’Notzung vum Buedem an d’Véihaltung un de Standuert vun sengem Betrib un a verbënnt béides mateneen.
Méi gewuer ginn
D’Biodiversitéit
Ënner Biodiversitéit versteet een déi ganz Villfalt vun alle liewegen Organismen, Liewensraim an Ekosystemer um Land, am Waasser an an der Loft. Si ass d’Existenzgrondlag vum Mënsch, well si versuergt eis ë. a. mat Narung an Drénkwaasser.
Méi gewuer ginn
De Prinzip vun der Nohaltegkeet
Nohalteg handelen heescht, bei der Notzung vun de Rostoffer an de Ressourcë vun eiser Äerd Rücksicht op déi kommend Generatiounen ze huelen. Mir sollen net méi verbrauchen, wéi nowuessen a sech regeneréiere kann oder nees bereetgestallt ka ginn.
Méi gewuer ginn