LANDWIRTSCHAFT ERLIEWEN

Landwirtschaft erliewen,
wat ass dat?

D’Zil vum Projet „Landwirtschaft erliewen” ass et, Schoulen a Bauerenhäff zesummenzebréngen. D’Schoulkanner kréien d’Méiglechkeet, de Beruff vum Bauer aus éischter Hand kennen ze léieren an alles iwwer d’Liewensmëttelproduktioun an der Regioun an iwwer d’Haltung vun Notzdéiere gewuer ze ginn.

De Projet riicht sech u Schoulklassen aus de Cyclen 3 a 4 vun der Grondschoul. Eng Erweiderung op aner Cyclen ass mëttelfristeg geplangt.

Méi gewuer ginn

Erliewen

vun der Landwirtschaft mat alle Sënner

Verstoen

vun de Prozesser vun Natur an Ëmwelt

Wëssen

wou eis Liewensmëttel hierkommen

Dir sicht e pedagogescht Erliefnes fir Är Schoulklass?

Wielt wgl. déi entspriechend Krittären aus

No Regioun
Carte du Luxembourg Wielt w.e.g. eng Regioun op der Kaart vu Lëtzebuerg aus Clerf Wiltz Diekirch Redingen Mersch Luxemburg Capellen Esch-sur-alzette Remich Grevenmacher Echternach
No Regioun
No Kategorie
No Joreszäit

Stëmme vum Haff

#LetzFarm experience
Charel Ferring
Bauer vun Tandel
#LetzFarm experience
Annik Elsen & Lynn Bernard
Léierinnen Grondschoul Käerjeng
#LetzFarm experience
Pierre Witry
Bauer vun Dippech
Sarah Haas Van Gelder
Bauer vu Fluessweiler
Kanner wëssen hautdesdaags net méi vill iwwer d’Landwirtschaft. Si sinn déi Erwuesse vu muer, a genee hei sollte mir als Baueren usetzen! D’Landwirtschaft ass d’Grondlag vum Liewen, an dat musse mir de Kanner nees méi nobréngen, fir datt si d’Zesummenhäng an der Natur verstinn a Respekt virun hir hunn. D’Wuert Liewensmëttel beschreift genee dat, wat et ass: e Mëttel fir ze liewen! Dofir ass et fir d’Zukunft a fir de Ruff vun der Landwirtschaft immens wichteg, datt mir als Baueren eis Häff opmaachen, fir datt d’Kanner nees verstinn, wat Landwirtschaft ass! Doriwwer eraus ass och de Kontakt mat Déieren e ganz wichtegen Aspekt, well Déieren eng positiv a berouegend Wierkung op de Mënsch hunn! Déiere si Balsam fir d’Séil!
#LetzFarm experience
Caroline Gengler
Bauer vu Käerch
#LetzFarm experience
Wendy Hermann
Léierin Grondschoul Wäiswampech
#LetzFarm experience
Stéphanie Krischel
Mataarbechterin Fro de Bauer
Daniel Boumans
Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
​Den direkte Kontakt tëschent de Baueren a Bauerefraen an de Schülerinnen a Schüler ass vun onschätzbarem Wäert. En erméiglecht, hautno ze erliewen, wou eis Liewensmëttel hierkommen, an en déift Verständnis fir d’Prozesser vun Natur an Ëmwelt ze entwéckelen. Et begéint ee sech perséinlech, an esou gëtt Vertraue geschaf an d’Bewosstsi fir d’Bedeitung vun der Landwirtschaft an eisem deegleche Liewe gestäerkt. Dës Erfarunge fërderen net nëmmen d’Wëssen iwwer eng nohalteg Produktioun, mee och de Respekt virun der Natur an de Mënschen, déi eis Liewensmëttel hierstellen.

Vum Feld op den Teller

De Wee vun de Liewensmëttel vum Feld bis op den Teller entdecken.

Déieren, Planzen, Liewensraim

Méi iwwer d’Liewen um Bauerenhaff, d’Déieren, d’Planzen an d’Mënsche gewuer ginn.

Regional a saisonal

Erausfannen, firwat frëscht Uebst a Geméis aus der Regioun besser schmaacht an d’Ëmwelt schount.

Nohaltege Konsum

Verstoen, wéi en nohaltege Konsum an eng nohalteg Produktioun sech géigesäiteg beaflossen.

FIR SCHOULEN

De Bezuch zur Landwirtschaft net verléieren

Dir sidd Enseignant oder Enseignante a wëllt mat Ärer Klass e Bauerenhaff besichen, fir méi iwwer eis Landwirtschaft gewuer ze ginn? Dat ass ganz einfach: Sicht Iech e passende Bauerenhaff an Ärer Géigend eraus, huelt Kontakt op an organiséiert Äre Besuch.

E Besuch organiséieren
FIR BAUERENHÄFF

Dir wëllt, datt d’Kanner d’Landwirtschaft hautno erliewe kënnen?

Dir sidd Bauer a wëllt Schoulkanner Äre Beruff an d’Landwirtschaft méi no bréngen? Dat ass ganz einfach: Leet e Kont un a maacht eng Demande, fir beim Projet matzemaachen.

Beim Projet matmaachen