Fro de Bauer
Dir wëllt d’Erfarung „Landwirtschaft erliewen“ verdéiwen?
Dann ass „Fro de Bauer” vläicht genee dat Richtegt fir Iech!
Wat ass „Fro de Bauer“?
De Projet „Landwirtschaft erliewen” huet als Zil, de Kanner e liewegen a realitéitsnoen Zougang zu der Landwirtschaft ze erméiglechen – direkt am Schoulalldag. En zentrale Modüll an dësem Gesamtprojet ass „Fro de Bauer“, en Deelprojet, dee speziell fir d’Klassen aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul entwéckelt gouf an iwwer dräi Trimester leeft.
Fir d’Bewosstsi fir d’Landwirtschaft scho fréi ze fërderen an d’Theema praxisno ze vermëttelen, gi speziell geschoulte Fachleit bei d’Schoulklassen a begleede si duerch dat ganzt Schouljoer. D’Konzept vu „Fro de Bauer“ ëmfaasst souwuel theoreetesch wéi och praktesch Elementer – dorënner als Highlight e Besuch op engem Bauerenhaff.
1. Trimester: En éischten Abléck an d’Welt vun der Landwirtschaft
Um Ufank ass d’Fro „Wéi eng Bauere kennt dir?” eng ideal Geleeënheet, fir éischt Erfarungen a Virstellungen ze sammelen. D’Resultater ginn an enger Mindmap festgehalen, fir ze weisen, wéi villfälteg eis Landwirtschaft ass.
No dësem Aféierungsgespréich gëtt als weideren Deel vum Programm e gemeinsame Saisonskalenner op d’Bee gestallt.
Dëse gëtt d’ganz Joer iwwer mat Stickere vun Uebst- a Geméiszorten ergänzt an hëlleft, e Gefill fir saisonal a regional Liewensmëttel ze entwéckelen. Vill Kanner wëssen hautdesdaags kaum nach, wéini bei eis bestëmmte Friichten zeideg sinn – dëst Wësse solle si op eng spilleresch Manéier zeréckkréien, och am Sënn vun engem méi bewossten Ëmgang mat eiser Ëmwelt.
Uschléissend ginn och d’Theeme Mëllechkéi a Mëllechproduktioun esouwéi Mammekéi a Fleeschproduktioun behandelt. D’Kanner kréien dobäi en Abléck an d’Bedéngungen, ënner deenen d’Déiere gehale ginn, an an den Oflaf vun der Produktioun.
2. Trimester: Verdéiwung a kritesch Froen
Am zweeten Trimester kréien d’Kanner en eegent Theemenheft, an deem zentral Beräicher vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft erkläert ginn. Hei däerfe si selwer entscheeden, wéi eng Theeme si fir d’éischt behandele wëllen. Och gesellschaftlech relevant Froe wéi Haltungsforme bei Hénger, d’Bedeitung vu Coden op den Eeër oder d’Präisgestaltung bei Fleeschprodukter gi kannergerecht awer oppen diskutéiert.
Tëschent den Trimestere kréien d’Kanner kleng Aufgaben, un deene si entweeder selbstänneg oder zesumme mam Schoulpersonal schaffe kënnen. Zil ass et, d’Theemen, déi an der Klass behandelt goufen, weider ze verdéiwen. Um Enn vum Heft kréien d’Kanner eng einfach Uleedung, fir Geméis am Klassenzëmmer ze ziichten – eng fräiwëlleg Offer fir Enseignanten, déi d’Theema nach méi gräifbar mécht. Ausserdeem däerfen d’Schülerinnen a Schüler hir Wënsch äusseren, wéi e Bauerenhaff si am leschten Trimester besiche wëlle goen.
3. Trimester: Landwirtschaft op der Plaz erliewen
Den Héichpunkt ass de Besuch op engem landwirtschaftleche Betrib an der Regioun. Mir iwwerhuelen d’Organisatioun – nëmmen den Transport gëtt vun der Schoul koordinéiert. De Besuch, deen zwou Stonnen dauert, bitt en authenteschen Abléck an déi modern Landwirtschaft an erméiglecht de Kanner, Landwirtschaft mat alle Sënner ze erliewen. Wichteg ass eis dobäi, datt d’Schüler a Schülerinne sech hir eege Meenung bilde kënnen – onofhängeg vu Virurteeler oder Aflëss vu baussen.
Zil ass et, den Zesummenhang tëschent landwirtschaftlecher Produktioun a bewosster Ernärung nohalteg ze vermëttelen.
Aschreiwen a matmaachen
Matmaache beim Projet „Fro de Bauer” am Kader vu „Landwirtschaft erliewen” kënnen nëmme Klassen aus dem Cycle 4 vun der Grondschoul. Aschreiwe kënnt Dir Iech iwwer de Formulaire, deen Dir méi wäit ënnen op dëser Säit fannt.
D’Umeldunge fir dat lafend Schouljoer kënnen – souwäit Plazen disponibel sinn – bis den 31. Oktober agereecht ginn. Bei Froe sti mir Iech gär per E-Mail (fro@frodebauer.lu) zur Verfügung.
Notzt d’Geleeënheet, de Schüler a Schülerinnen e spannenden, léierräichen a praxisnoen Zougang zu der Lëtzebuerger Landwirtschaft ze erméiglechen. Zousätzlech Informatioune fannt Dir op www.frodebauer.lu