Ronderëm den Hafbesuch

Wéi leeft e Besuch op mengem Haff of a wéi soll ech mech drop virbereeden? Hei sinn e puer Punkten, déi Dir beuechte sollt, éier Dir Schoulkanner empfänkt.

De Besuch plangen

Eng Schoulklass, déi un engem Besuch interesséiert ass, lancéiert eng Sich um Internetsite. Mat Filtere kann een d’Sich unhand vu verschiddene Krittäre wéi Distanz, Zäitraum an Zort vu Betrib verfeineren. Wann eng passend Offer fonnt gouf, kann ee mat engem Klick eng Demande un den Haff schécken.

De Bauer kritt da per E-Mail d’Demande fir e Besuch um Bauerenhaff geschéckt. Dës Noriicht enthält all néideg Kontaktdonnéeën (E-Mail, Telefonsnummer). Esou ka mam Enseignant oder der Enseignante en Datum an den Oflaf vum Besuch ofgemaach ginn, fir datt béid Säite sech entspriechend virbereede kënnen. Et ass wichteg, datt d’Organisatioun vum Besuch iwwer d’Plattform letzfarm ofgewéckelt gëtt, fir eng effektiv Prise en charge vun de Käschten duerch de Ministère sécherzestellen.

D’Virbereedung

Éier eng Schoulklass bei Iech an de Betrib kënnt, muss de Besuch virbereet ginn. Dozou zielt op där enger Säit e Virgespréich mam Léierpersonal an op där anerer Säit d’Virbereedung am eegene Betrib.

Et gëtt geroden, sech kloer ofzeschwätzen an den Enseignant oder d’Enseignante schonn am Virfeld op d’Reegelen um Haff oder op speziell Aspekter opmierksam ze maachen. Wann et méiglech ass, da fënnt dat Virgespréich mam Enseignant oder der Enseignante an Ärem Betrib statt, fir datt den Enseignant sech scho mat der Plaz a mam Wee dohin an zeréck vertraut maache kann.

Eng detailléiert Lëscht mat allen néidege Virbereedungs- a Sécherheetsmoossname fannt Dir an eisem Guide.

Bei de Leitfaden

Den Oflaf

E Besuch um Bauerenhaff soll op d’mannst 2,5 Stonnen daueren a ka moies oder mëttes stattfannen.

Gitt drop uecht, datt d’Rolle vum Léierpersonal a vun der Bauerefra oder vum Bauer kloer definéiert sinn an net verwiesselt ginn. Den Enseignant oder d’Enseignante behält och um Haff d’Opsiichtsflicht iwwer seng bzw. hir Klass, d’Bauerefra oder de Bauer ass de Fachmann bzw. d’Fachfra an Expert vun der Plaz.

Wann Dir eng Schoulklass op Ärem Haff empfänkt, sollt Dir fir d’éischt Iech selwer an Äre Betrib kuerz virstellen. Éier Dir mam eigentleche Programm ufänkt, ass et wichteg, d’Reegele vum Haff ze presentéieren an ze erklären. E Bauerenhaff ass keng Spillplaz, dofir muss jidderee sech u bestëmmte Reegelen halen.

Fir en Ofschlossgespréich an enger entspaanter Atmosphär ofhalen ze kënnen, sollt Dir eng Raimlechkeet mat Sëtzméiglechkeeten ariichten. Dës Plaz soll viru Kaméidi a Wand geschützt an am Wanter eventuell gehëtzt sinn.

Bei de Leitfaden

FAQ fir Baueren

Wann Dir Iech decidéiert hutt, fir beim Projet „Landwirtschaft erliewen“ matzemaachen, da fëllt einfach dëse Formulaire aus. Domat gëtt e Profil vum Haff erstallt, deen dann um Internetsite verëffentlecht gëtt.

Informéiert Iech virum éischte Besuch vun enger Schoulklass onbedéngt iwwer Är Betribshaftflichtversécherung a loosst Iech bestätegen, datt déi geplangten Aktivitéite vun Ärem aktuelle Versécherungsschutz ofgedeckt sinn.

Et ass wichteg, drun ze denken, datt Fotoen an/oder den Numm vu Schülerinnen a Schüler net ouni den Accord vun hiren Erzéiungsberechtegten däerfe verëffentlecht ginn.

Pro Besuch vun enger Schoulklass op Ärem Haff hutt Dir Usproch op eng Entschiedegung vun 175 €. Nom Ofschloss vum Besuch gëtt d’Indemnitéit op der Basis vun den Donnéeën, déi bei der Registréierung hannerluecht sinn, ausbezuelt.

Gitt drop uecht, datt d’Rolle vum Léierpersonal a vum Bauer kloer definéiert sinn an net verwiesselt ginn. Den Enseignant oder d’Enseignante behält och um Haff d’Opsiichtsflicht iwwer seng bzw. hir Klass, de Bauer ass de Fachmann bzw. d’Fachfra an Expert vun der Plaz.

E Besuch um Bauerenhaff soll op d’mannst 2,5 Stonnen daueren a ka moies oder mëttes stattfannen.

E Besuch um Bauerenhaff fënnt normalerweis op d’mannst deelweis dobaussen a bei all Wieder statt. D’Schoulkanner musse gutt Schong an dem Wieder ugepasste Kleeder unhunn.