Vum Feld op den Teller
Wann en an de Frigo oder an d’Spënnche kuckt, freet ee sech meeschtens net, wéi d’Liewensmëttel, déi een Dag fir Dag konsuméiert, hiergestallt ginn. Dobäi ass dës Fro no der Aart a Weis, wéi Produkter aus der Landwirtschaft zu Narungsmëttel verschafft ginn, net nëmme spannend mee och wichteg.
Wou kënnt mäin Iessen hier?
Um Ursprong vun de Liewensmëttel stinn d’Baueren. Mat hirer Aarbecht um Feld a mat den Notzdéiere produzéiere si d’Narungsmëttel, déi op eisen Teller kommen.
Méi gewuer ginn
Vum Gras an d’Glas
Kéi friesse gär Gras – am léifste vill Gras. Dank de ville grénge Wisen a Weeden zu Lëtzebuerg spillt d’Mëllechproduktioun heizuland zënter jeehier eng zentral Roll an ass déi wichtegst Branche an der Landwirtschaft.
Méi gewuer ginn
Alles ronderëm d’Ee
En Hong leet am Duerchschnëtt ronn 300 Eeër d’Joer. Fir Eeër vu gudder Qualitéit ze produzéieren, brauch et héichwäertegt Fudder a genuch Luucht
Méi gewuer ginn
Vum Kär zum Brout
D’Käre sinn iwwerall op der Welt d’Narungsgrondlag fir Mënsch an Déier, well si bestinn aus ville wäertvollen Närstoffer, maachen duerch hiren héijen Undeel u Kuelenhydrater laang sat a loosse sech gutt stockéieren
Méi gewuer ginn