Wou kënnt mäin Iessen hier?

Um Ursprong vun de Liewensmëttel stinn d’Baueren. Mat hirer Aarbecht um Feld a mat den Notzdéiere produzéiere si d’Narungsmëttel, déi op eisen Teller kommen.

Praktesch alles, wat mir iessen, kënnt vum Feld an aus dem Stall – d’Landwirtschaft ernäert eis. D’Kären an d’Uebst a Geméis, déi d’Baueren ubauen, d’Mëllech, déi hir Kéi ginn, d’Fleesch, fir dat si Kéi, Schwäin a Gefligel mäschten, d’Eeër, déi hir Hénger leeën, all dat si Narungsmëttel, déi mir esou direkt kafen a verbrauche kënnen. De gréissten Deel dovunner gëtt vun der Liewensmëttelindustrie zu anere Produkter weiderverschafft. Um Ursprong vun de Liewensmëttel stinn deemno d’Baueren. Hir Produkter gëtt et dacks net nëmmen an der Regioun, an där si schaffen, ze kafen, mee och an anere Länner.

Am Supermarché gi vill Liewensmëttel ugebueden, déi vu ganz wäit op Lëtzebuerg importéiert ginn. Exotesch Friichten ewéi Mangoen, Ananas oder Bananne wuessen net zu Lëtzebuerg, well d’Klima hei ze kal ass. Si komme mam Fliger oder mam Schëff aus Länner, déi wäit vu Lëtzebuerg ewech leien – z. B. Kolumbien, Costa Rica oder Indien –, an d’Europäesch Unioun. Dat selwecht gëllt fir Geméiszorte wéi Avocado, Okra a séiss Gromperen. Uebst a Geméis wéi Orangen, Zitrounen, Melounen, Tomaten, Kornischongen, Paprikaen an Zaloten importéiere mir gréisstendeels aus Spuenien an aus Holland. Ee vun de Problemer dobäi ass: D’Wuer muss e laange Wee zeréckleeën a beim Transport am Fliger, Schëff oder Camion entsteet Kuelendioxid (CO2), e Gas, dee schlecht fir d’Ëmwelt a fir d’Klima ass.

Et ginn awer vill Uebst- a Geméiszorte wéi Äppel, Bieren, Äerdbieren, Gromperen, Zaloten a Muerten, déi och zu Lëtzebuerg ugebaut ginn. Am frëschsten ass dat Uebst a Geméis, dat an där Regioun, an där ee wunnt, ugebaut gëtt. Dat schuet och der Ëmwelt am mannsten, well et muss jo net vu wäit hier geliwwert ginn. Dacks kann een et souguer direkt am Buttek um Haff kafen.

Déi verschidden Uebst- a Geméiszorte wuessen a ginn zu ënnerschiddleche Joreszäiten zeideg, well d’Temperaturen, d’Sonnestonnen an d’Quantitéit u Waasser, déi si brauchen, fir zeideg ze ginn, ënnerschiddlech sinn. Wie sech nohalteg ernäre wëll, sollt drop oppassen, Uebst a Geméis ze kafen, dat Saison huet. Wann een z. B. Äerdbieren am Wanter keeft, da kommen déi sécher net aus der Regioun, mee sinn aus engem anere Land heihin transportéiert ginn.