Vum Kär zum Brout
D’Käre sinn iwwerall op der Welt d’Narungsgrondlag fir Mënsch an Déier, well si bestinn aus ville wäertvollen Närstoffer, maachen duerch hiren héijen Undeel u Kuelenhydrater laang sat a loosse sech gutt stockéieren
Zënter Joerdausenden ziele Kären zu eise Grondnarungsmëttel. All d’Kärenzorte gehéieren zu der Famill vun de Séissgrieser, hir Fruucht (Kären) ass eejäreg, d. h. si mussen all Joer nei ausgeséit ginn. De vollstännege Kär, de Vollkar, ass räich u Kuelenhydrater, Mineralstoffer, Vitaminnen a Ballaststoffer. Fir Brout ze baken, gëtt virun allem Weess-, Kar- a Spelzmiel benotzt. Dës Kärenzorte ginn och zu Lëtzebuerg ugebaut.
No der Recolte am Héichsummer ginn d’Broutkären un d’Mille geliwwert. Do gëtt all Liwwerung gewien, op hir Qualitéit gepréift, gerengegt an dann a Siloe stockéiert.
Virum Muele ginn d’Kären nach eng Kéier gutt gerengegt. Da gi se mat Waasser ugefiicht, fir d’Schuel besser vum Mielkär trennen ze kënnen. Wärend dem Muelvirgang duerchlafen d’Kären de Walzestull, eng Maschinn mat e puer Walzen, an deene se zerquetscht ginn. Nom Muele gëtt gesifft, fir déi méi grouss vun deene méi klenge Kärendeelercher ze trennen. Dëse Muelvirgang gëtt e puer Mol widderholl, an en Deel vum Gemiels ass no all Virgang schonn en Endprodukt:
- Schrot si graff zerstouss (geschrot) Kären. Vollkarschrot enthält all d’Bestanddeeler vum Kar.
- Schmull ass de graff gemuelene Mielkierper.
- Miel ass de Mielkierper, dee reng bis ganz reng gemuel gouf.
- Krësch ass déi zerklengert Schuel vum Kar, déi nom Muelen iwwreg bleift.
Beim Miel gëtt et verschidden Typpen, déi mat enger Zuel (z. B. 405, 550 oder 1050) op der Verpackung gekennzeechent sinn. Wat dës Zuel méi niddreg ass, wat d’Miel méi reng gemuel gouf. Ass d’Zuel méi héich, dann ass d’Miel méi graff an et sinn och méi mineralstoffräich Undeeler vun der Schuel dran. Beim Vollkarmiel ginn et keng ënnerschiddlech Typpen, well et all d’Bestanddeeler vum Mielkär – Mielkierper, Keimling a Schuel – enthält.
De Mëller liwwert d’Miel un de Grosist, un de Supermarché an un d’Bäckerei. Scho véier Zutaten – Miel, Waasser, Salz an Hief – ginn duer, fir datt de Bäcker Brout bake kann. Déi verschidden Zorte vu Brout ënnerscheede sech duerch hir Zutaten an hir Veraarbechtung: Weessbrout (oder wäisst Brout), Karbrout, Mëschbrout, Vollkarbrout asw.