Vum Gras an d’Glas

Kéi friesse gär Gras – am léifste vill Gras. Dank de ville grénge Wisen a Weeden zu Lëtzebuerg spillt d’Mëllechproduktioun heizuland zënter jeehier eng zentral Roll an ass déi wichtegst Branche an der Landwirtschaft.

Eng Kou produzéiert Mëllech, fir hiert Kallef ze ernären; si gëtt also eréischt Mëllech, wa se e Kallef ausgedroen huet. No der Gebuert vun hirem Kallef gëtt d’Kou ongeféier 340 Deeg laang Mëllech. Wa si duerno kee weidert Kallef kréie géif, géif si och keng Mëllech méi ginn. Aus dësem Grond gëtt d’Kou e puer Wochen no der Gebuert vun hirem Kallef nees besaamt oder vum Stéier gedeckt.

Kéi si Planzefrësser a si idderzen (op däitsch nennt een dat „Wiederkäuer“). Am Géigesaz zum Mënsch si si an der Lag, Gras ze verdauen. Dat läit dorunner, datt si net, wéi mir Mënschen, nëmmen ee Mo hunn, mee direkt véier: Panz, Netzmo, Bliedermo a Labmo. Mëllechkéi verwäerten niewent dem Gras och aner planzlech Fuddermëttel a produzéieren doraus Mëllech.

D’Mëllechkéi ginn zwee Mol den Dag gestrach, entweeder an engem Sträichstand, engem Sträichkarussell oder vun engem Sträichroboter (bei dee kënnen d’Kéi sou dacks a wéini se wëlle goen). An deenen éischten zwou Anlage steet de Bauer e Meter méi déif wéi d’Déieren. Sou komme se méi liicht un d’Mame vun de Kéi, fir se ze botzen an d’Geschier vun der Sträichmaschinn unzehänken. An engem Sträichroboter ginn d’Mamen automatesch gebotzt an d’Sträichgeschier gëtt automatesch ugeluecht.

Nom Sträichen ass et wichteg, déi réi Mëllech esou séier wéi méiglech ze killen. An engem Killtank gëtt se op 4-6°C erofgekillt a gelagert. An der Reegel kënnt de Camion vun der Molkerei all zweeten Dag, fir se ofzehuelen. Éier d’Mëllech an den Inoxtank vum Camion gefëllt gëtt, gëtt en Echantillon geholl, fir d’Qualitéit ze bestëmmen. Réi Mëllech ka Bakterien enthalen, déi krank maachen, dofir soll ee se net drénken, ouni se virdrun ofzekachen!

An der Molkerei gëtt d’Mëllech am Labo nach eng Kéier kontrolléiert an dann erwiermt (fir Krankheetserreeger ze eliminéieren) a gerengegt, an d’moer Mëllech gëtt vum Ram getrennt. Jee nodeem, ob Vollmëllech, fettaarm oder entraamte Mëllech hiergestallt gëtt, gëtt déi entspriechend Quantitéit nees mat der morer Mëllech vermëscht. Da ginn an der Molkerei an ënnerschiddleche Verfare Jugurt, wäisse Kéis, Botter, Kéis, Ram, Kefir, Bottermëllech asw. hiergestallt.