De Prinzip vun der Nohaltegkeet

Nohalteg handelen heescht, bei der Notzung vun de Rostoffer an de Ressourcë vun eiser Äerd Rücksicht op déi kommend Generatiounen ze huelen. Mir sollen net méi verbrauchen, wéi nowuessen a sech regeneréiere kann oder nees bereetgestallt ka ginn.

Nohaltegkeet oder nohalteg Entwécklung bedeit, datt mir haut op eng Aart a Weis liewen, déi et de Mënschen an der Zukunft erméiglecht, och gutt ze liewen. Mir däerfen haut net op Käschte vu muer liewen. Nohaltegt Handele geschitt elo a wierkt an Zukunft. D’Nohaltegkeet bezitt sech op d’Ëmwelt, d’Wirtschaft an op dat Soziaalt.

  • Ekologesch Nohaltegkeet bedeit: Beim Verbrauch vu Rostoffer a Buedemschätz wéi zum Beispill Buedem, Waasser, Pëtrol, Holz oder Kuel musse mir Rücksicht op déi kommend Generatiounen huelen an net méi verbrauchen, wéi nowuesse kann.
  • Ekonomesch Nohaltegkeet bedeit: Am Fokus steet net nëmmen de Profit. Fairen Handel, Ëmweltschutz a sozial Gerechtegkeet solle virgoen.
  • Sozial Nohaltegkeet bedeit: Alle Mënschen e würdegt Liewen ze erméiglechen, d. h. d’mënschlech Würd ze garantéieren an d’Aarbechtsrecht an d’Mënscherechter ze schützen.

Eng nohalteg Landwirtschaft:

  • schützt d’Klima, de Buedem, d’Waasser, d’Loft, d’Aartevillfalt an d’Déierewuel genee ewéi d’Gesondheet vun de Mënschen;
  • produzéiert Liewensmëttel a gudder Qualitéit an an enger Quantitéit, déi duergeet, ouni dobäi zukünftege Generatiounen ze schueden;
  • bezitt hir Betribsmëttel (Fudder, Dünger, Planzeschutzmëttel, Geseems a Setzlingen) souwäit ewéi méiglech aus der Regioun a verkeeft och hir Produkter regional;
  • suergt fir gutt Beschäftegungsverhältnisser an Aarbechtsbedéngunge fir d’Aarbechter an d’Aarbechterinnen.

Jidder eenzel Persoun kann duerch hiert Konsumverhalen dozou bäidroen, datt mir d’Ëmwelt manner verschmotzen a manner Ressourcë verbrauchen. Grondsätzlech ass et gutt, Liewensmëttel aus der Regioun ze kafen an opzepassen, wéini heemescht Uebst a Geméis Saison huet. Esou kann ee beim Akafen d’Ëmwelt an d’Klima schounen. Ausserdeem ënnerstëtzt een op dës Manéier déi lokal Baueren.