D’ Biodiversitéit
Ënner Biodiversitéit versteet een déi ganz Villfalt vun alle liewegen Organismen, Liewensraim an Ekosystemer um Land, am Waasser an an der Loft. Si ass d’Existenzgrondlag vum Mënsch, well si versuergt eis ë. a. mat Narung an Drénkwaasser.
Biodiversitéit, och biologesch Villfalt genannt, ass d’Villfalt vum Liewen op eiser Äerd. Si ëmfaasst déi follgend dräi Aspekter:
- D’Villfalt vun den Ekosystemer, de Liewensraim fir verschidden Organismen.
- D’Villfalt vun den Aarten, de verschiddenen Organismen an engem Ekosystem.
- D’Villfalt vun de Geenen, d’geneetesch Diversitéit bannent enger Aart oder bannent allen Aarte vun engem Ekosystem.
Den Erhalt vun der Biodiversitéit ass mat entscheedend fir d’Ofsécherung vun der Ernärung, also dofir, datt all Mënsch Zougang zu qualitativ héichwäertege Liewensmëttel huet. Hei spillen d’Baueren eng wichteg Roll, well si mussen duerch d’Aart a Weis, wéi si hire Betrib féieren, dofir suergen, datt d’Landwirtschaft nohalteg ass an datt d’Ekosystemer gesond an erhale bleiwen.
Et gi vill verschidden Ekosystemer, wéi z. B. Bëscher, Séien, Baachen, Moueren a Wisen. All d’Liewewiesen an engem Ekosystem sinn duerch eenzegaarteg Eegenschaften un d’Iwwerliewen an dësem spezifesche Liewensraum ugepasst, vuneneen ofhängeg an an hirer Funktioun openeen ofgestëmmt. Nëmmen esou bleift en Ekosystem am Gläichgewiicht.
Um Ekosystem Wiss sinn z. B. vill Planzen, Déieren, Pilzen, Flechten, Bakterien a Mikroorganisme bedeelegt. D’Planzen op der Wiss, wéi z. B. Grieser a Blummen, sinn d’Grondlag vun dësem Liewensraum. Bei der Photosynthees fänke si mat hire Blieder d’Energie vum Liicht an a produzéieren doraus Sauerstoff a Glukos. D’Planz notzt dësen Zocker als Energiequell. D’Fléiinsekte wéi d’Beien an d’Päiperleken ernäre sech vum Pollen a vum Nektar vun de Bléien. Si ginn hirersäits vu Libellen a Runne gefriess. Päiperleken, Bommelen a Beie bestäuben d’Planzen an d’Blummen an droen esou zu hirer Vermeerung bäi. Vulle sinn op Insekte wéi Spannen a Käfer, déi un de Planzestiller an um Buedem vun der Wiss liewen, an op Reewierm, déi si aus dem Buedem picken, als Narung ugewisen. An enger Wiss liewen ausserdeem z. B. nach Schleeken, Blannschlécher, Fräschen, Wullmais, Feldhamsteren, Kanéngercher an de Maulef.
An der Wiss wunnen och Mikroorganisme wéi Pilzen a Bakterien. Si zersetzen ofgestuerwent organescht Material wéi Reschter vu Planzen, Kadavere vun Déieren, ofgestuerwen Insekten a produzéieren esou nees Närstoffer fir Planzen.
An engem Ekosystem ginn et also Interaktiounen an Ofhängegkeeten, an eng Verännerung an engem Beräich, wéi zum Beispill e Réckgang vun der Insektepopulatioun, kann Auswierkungen op aner Deeler vun dësem Liewensraum hunn. Aus dësem Grond ass d’Aartevillfalt – d’Diversitéit vun de Planzen an Déieren, déi an engem bestëmmte Beräich, wéi hei an der Wiss, virkommen – wichteg.
D’Villfalt vun den Aarte stabiliséiert eise ganzen Ekosystem. Wat e Liewensraum méi villfälteg ass, desto manner ufälleg ass e fir Aflëss vu bausse wéi Klimawandel oder Ëmweltverschmotzung.
Zur der Biodiversitéit gehéiert och déi geneetesch Villfalt. Si ass d’Viraussetzung fir d’Upassungsfäegkeet vu Planzen an Déieren u verännert Bedéngunge vun hire Liewensraim, Ëmweltaflëss oder Krankheeten an domat fir hir Iwwerliewensfäegkeet.