D’ Mammekéihaltung
An dëser Form vun der Rannerhaltung bleift d’Kallef no der Gebuert bei senger Mamm an ernäert sech virun allem vun hirer Mëllech. D’Mammekéihaltung ass déi heefegst Form vu Fleeschproduktioun op der Welt.
An der Mammekéihaltung bleiwen d’Kaalwer no der Gebuert sechs bis zéng Méint bei hirer Mamm. Hir Aufgab ass et, d’Kaalwer grousszezéien. Am Géigesaz zu de Mëllechkéi ginn d’Mammekéi net gestrach, hir Mëllech ass ausschliisslech fir d’Kaalwer do. D’Mammekéihaltung ass deemno déi natierlechst Form vun der Haltung vu Ranner a gëtt virun allem an der Produktioun vu Rëndfleesch agesat.
D’Kaalwer kommen entweeder am Wanter am Stall oder am Fréijoer op der Weed op d’Welt. Si gi vun hirer Mamm geniert a liewe mat der Häerd, déi aus e puer Kéi mat hire Kaalwer besteet, op der Weed.
Hei bleiwe si de ganze Summer iwwer bis an de spéiden Hierscht eran. An der Häerd léieren d’Kaalwer déi natierlech Verhalensweise vun deene méi ale Kéi. Wann e Kallef net méi op d’Mëllech vu senger Mamm ugewisen ass, gëtt et vun der Mamm entwinnt. Männlech Kaalwer ginn da gemäscht. Jonk Stéiere weien am Alter vun 8 Méint ongeféier 300 kg. Si gi bis zu engem Schluechtgewiicht vu ronn 800 kg gemäscht a mat ongeféier 18 Méint geschluecht. Weiblech Kaalwer ginn an der Reegel weider opgezunn, fir de Bestand u Mammekéi ze ergänzen a spéider selwer Kaalwer ze kréien.
An der Mammekéihäerd leeft normalerweis en Zuuchtstéier mat, dee sech ëm d’Besamung vun de Kéi këmmert. Vum 3. Liewensjoer u bréngt eng Mammekou meeschtens all Joer e Kallef op d’Welt. Kéi, déi net méi droen, ginn aus der Zuuchthäerd ausgesënnert, gemäscht an dann an d’Schluechthaus bruecht. Och si ginn an der Fleeschproduktioun genotzt.
Fir d’Mammekéihaltung komme meeschtens nëmme Rassen a Fro, déi robust a widderstandsfäeg géint schlecht Wiederkonditioune sinn, an déi sech duerch e gudde Fleeschusaz, d. h. Muskelmass, auszeechnen, wéi z. B. Limousin, Angus, Aubrac a Charolais. Doduerch, datt d’Kéi de gréissten Deel vun hirem Liewen op der Weed verbréngen, droe si zum Erhalt vum Gréngland an zu senger Villfalt u Planzen- an Déierenaarte bäi.