D’Liewe vun enger Mëllechkou

D’Mëllechvéihaltung ass eng wichteg Produktiounsbranche vun der Lëtzebuerger Landwirtschaft. Zu Lëtzebuerg ginn hautdesdaags déi meescht Mëllechkéi a Lafställ gehalen.

Zu Lëtzebuerg gehéieren d’Mëllechkéi virun allem zu de Rassen Holstein a Fleckvieh. E weiblecht Rand, dat am Alter vun 2 bis 3 Joer fir d’éischte Kéier e Kallef op d’Welt bréngt a Mëllech gëtt, nennt een eng Kou. Eng Kou produzéiert Mëllech, fir hiert Kallef ze ernären. An den éischten Deeg drénkt d’Kallef d’Mëllech vu senger Mamm, de sougennante Kolostrum. Si enthält wichteg Närstoffer, déi den Immunsystem vum neigebuerene Kallef opbauen. Bei de Mëllechrannerrasse gëtt d’Kallef no der Gebuert vu senger Mamm getrennt a wiisst zesumme mat gläichaltrege Kaalwer am Grupp op. De Groussdeel vun de weibleche Kaalwer bleift duerno um Haff, si gi spéider als Mëllechkéi genotzt. Deen aneren Deel vun de weibleche Kaalwer an déi männlech Kaalwer gi verkaf, gemäscht a fir d’Fleeschproduktioun genotzt.

No der Gebuert vun hirem Källefche gëtt d’Kou ongeféier 340 Deeg laang Mëllech. Wa si duerno kee weidert Kallef kréie géif, da géif si och keng Mëllech méi ginn. Aus deem Grond gëtt d’Kou e puer Wochen no der Gebuert vun hirem Kallef nees besaamt oder vum Stéier gedeckt. Wann d’Mëllechperiod eriwwer ass, gëtt d’Kou 60 Deeg laang „dréchegestallt“. Dat bedeit, datt si net méi gestrach gëtt, fir datt hire Kierper sech op d’Gebuert vun deem nächste Kallef virbereede kann. An dësem Rhythmus bréngt si ongeféier all 400 Deeg e Kallef op d’Welt.

De Bauer muss e puer Mol am Dag no de Béischte kucken, se beobachten, fleegen a versuergen. Dozou gehéiere bei de Mëllechkéi d’Fidderen, d’Sträichen, d’Mëschten, d’Astreeën, d’Fleeg vun den Houf an d’Botze vun der Sträichanlag a vun de Beräicher am Stall, wou d’Béischte leien, Auslaf hunn a gefiddert ginn. An deene meeschte Mëllechvéibetriber liewen d’Kéi a Lafställ, an deene si sech fräi beweege kënnen. Dacks steet am Stall e Sträichroboter, an dee si goe kënnen, wéini si wëllen. Wann d’Kéi an engem Sträichstand gestrach ginn, gi se op d’mannst zweemol am Dag zu festen Zäiten dohi begleet. D’Sträichgeschier gëtt hei manuell ugeluecht. Jee no Betrib hunn d’Kéi vum Fréijoer bis an den Hierscht Zougang op d’Weed a kënnen do Grieser, Kraider a Kléi friessen.

Mehr dazu

Diese Themen könnten Sie auch interessieren.